Natur als Ressource fir Gesondheet a Leeschtung (1224LU)

Natur als Ressource fir Gesondheet a Leeschtung

Description

Um Enn vun dëser Formatioun kënnen d'Participanten:

  • D'Zesummenhäng tëscht Natur, Gesondheet, Opmierksamkeet an Leeschtungsfäegkeet op Basis vun aktuelle wëssenschaftlechen Erkenntnisser erklären.
  • Naturbaséiert Methode bewosst asetzen, fir hir Opmierksamkeet, Kreativitéit, Stresskompetenz an Entscheedungsfäegkeet ze stäerken.
  • Hir psychosozial Kompetenzen, emotional Regulatioun an Adaptatiounsfäegkeet an usprochsvollen Situatioune weiderentwéckelen.
  • D'Erkenntnisser aus der Formatioun op hire berufflechen an alldeegleche Kontext iwwerdroen an esou hir professionell Kompetenze stäerken.

De Parcours besteet aus siwen Etappen, déi praktesch Erliefnesser an der Natur mat wëssenschaftlechen Erklärunge verbannen.

  • D'Participante beschäftege sech ënner anerem mat:
  • den Auswierkunge vun der Natur op de Kierper, dorënner d'Stressregulatioun, den Immunsystem an d'allgemeng Gesondheet;
  • dem Afloss vun natierlechen Ëmfeld op Opmierksamkeet, Konzentratioun, Kreativitéit an Entscheedungsprozesser;
  • sensoreschen an reflektive Methoden, déi d'Selbstwouergehollung, d'Präsenz an d'Resilienz fërderen;
  • konkrete Méiglechkeeten, naturbaséiert Praktiken an de berufflechen an alldeegleche Kontext z'integréieren.
  • D'Formatioun schléisst mat engem strukturéierten Austausch of, bei deem d'Participanten hir Erfarunge reflektéieren an perséinlech Usätz fir den Transfert an hiren Beruffsalldag entwéckelen.

Eng erliefnisorientéiert Approche, déi Theorie a Praxis kombinéiert duerch:

  • guidéiert Aktivitéiten an der Natur;
  • kuerz, interaktiv wëssenschaftlech Inputen;
  • individuel Reflexiounsübungen;
  • Austausch an Diskussiounen an der Grupp

Keng

Matarbechter aus Entreprisen, Gemengen a Verwaltungen, déi hir berufflech Kompetenze weiderentwéckele wëllen an den Impakt vun der Natur op Gesondheet, Wuelbefannen a Leeschtungsfäegkeet besser verstoe wëllen. D'Formatioun eegent sech fir Persounen aus allen Aktivitéitsberäicher.

Attestation de formation CNFPC

Das CNFPC behält sich das Recht vor, eine Schulung abzusagen oder zu verschieben, wenn die Anzahl der ordnungsgemäß angemeldeten Teilnehmer nicht ausreicht, aus organisatorischen Gründen oder im Falle höherer Gewalt.

Bei Abmeldung oder Nichterscheinen zum Kurs ist die Anmeldegebühr in voller Höhe zu entrichten, wenn die Abmeldung nicht bis spätestens 72 Stunden vor Kursbeginn erfolgt. Bei Abwesenheit, die durch ein ärztliches Attest belegt ist, wird die Anmeldegebühr in voller Höhe zurückerstattet.

Partenaire de la formation : UNature

Sessions

Maria SANTIAGO
Présentiel | Luxembourgeois | Places disponibles : 15 / 15
Informations complémentaires
Uert vun der Weiderbildung: Gemeng Fëschbech, Plankenhaff

Auerzäit: 8.30-12.30 Auer

Natur als Ressource fir Gesondheet a Leeschtung

Organisation

Organisateur:
Langue: Luxembourgeois
Domaine d'expertise: Social et Santé
Public: Administration publique, Adulte à partir de 25 ans, Entreprise et indépendant, Salarié, Jeune adulte (18-24 ans), Demandeur d'emploi, Tout public, Administration communale
Durée: 4 heures
Mode: Présentiel
Sessions